Episodes

  • #1 Liewensaccidenter
    Oct 9 2025
    Um Aarbechtsmaart feelt et nach vill u Bewosstsi géigeniwwer Mënsche mat enger Beanträchtegung. Obwuel mir alleguer enges Daags an deem Fall kéinte sinn. Déi meescht Leit sinn nämlech net mat hirer Beanträchtegung gebuer. Och de Julien Gouttin, haut Kach an engem Atelier d'inclusion professionnelle, an d'Martina, fréier Iwwersetzerin an haut an der Pensioun, stounge fest am Liewen, ier si erausgerappt goufen. Fir de Start vun dësem Podcast hu mir si begleet. Och d'Hëllefsstellunge gi beliicht: D'Christine Zimmer, Präsidentin vun Info-Handicap an den Andrea Di Ronco, Beroder bei Info-Handicap, soen eis, wat zum Sujet zu wëssen ass. An de Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, kënnt och zu Wuert. D'Episod elo an einfacher Sprooch: https://journal.lu/de/1-cm-ep-1-liewensaccidenter-einfacher-sprache Zesummendigital vum Digitaliséierungsministère: https://zesummendigital.public.lu/fr.html Chambre des Métiers, de Partner vum Handwierk: https://cdm.lu Hidden Disabilities Sunflower: https://hdsunflower.com/lu Info-Handicap: https://info-handicap.lu
    Show More Show Less
    42 mins
  • 1 cm - Trailer
    Sep 25 2025
    De Lëtzebuerger Aarbechtsmarché sicht no Leit, d’Kompetenze vu Mënschen mat enger Beanträchtegung ginn dobäi nach ze dacks vergies. De Podcast weist, mat wéi enge Barrièren si konfrontéiert sinn a wéi vill ongenotzt Potenzial et nach gëtt, fir d’Gesellschaft a fir d’Wirtschaft.
    Show More Show Less
    1 min