1 cm cover art

1 cm

1 cm

By: Lëtzebuerger Journal
Listen for free

About this listen

De Lëtzebuerger Aarbechtsmarché sicht verzweifelt no Main d'Oeuvre. Gläichzäiteg ginn d'Kompetenze vu ville Mënsche mat enger Beanträchtegung nach ëmmer net genuch gesinn. Wéi gesäit d'Realitéit fir déi Persounen aus? Wéi eng Barrièrë sti weider am Wee? A wéi vill Potenzial bleift ongenotzt? Déi Froen hunn d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal an deene leschte Méint versicht ze beäntweren. D'Resultat ass e Podcast, deen d'Erausfuerderungen an d'Méiglechkeete beliicht, déi eng inklusiv Politik net nëmme fir déi Betraffen, mee och fir d’Gesellschaft an d’Wirtschaft opmaache kéint. 1cm, e Podcast vum Lëtzebuerger Journal. Vum 9. Oktober un. Abonnéier elo schonn de Podcast, fir keng Episod ze verpassen.Lëtzebuerger Journal Economics Political Science Politics & Government Social Sciences
Episodes
  • #1 Liewensaccidenter
    Oct 9 2025
    Um Aarbechtsmaart feelt et nach vill u Bewosstsi géigeniwwer Mënsche mat enger Beanträchtegung. Obwuel mir alleguer enges Daags an deem Fall kéinte sinn. Déi meescht Leit sinn nämlech net mat hirer Beanträchtegung gebuer. Och de Julien Gouttin, haut Kach an engem Atelier d'inclusion professionnelle, an d'Martina, fréier Iwwersetzerin an haut an der Pensioun, stounge fest am Liewen, ier si erausgerappt goufen. Fir de Start vun dësem Podcast hu mir si begleet. Och d'Hëllefsstellunge gi beliicht: D'Christine Zimmer, Präsidentin vun Info-Handicap an den Andrea Di Ronco, Beroder bei Info-Handicap, soen eis, wat zum Sujet zu wëssen ass. An de Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, kënnt och zu Wuert. D'Episod elo an einfacher Sprooch: https://journal.lu/de/1-cm-ep-1-liewensaccidenter-einfacher-sprache Zesummendigital vum Digitaliséierungsministère: https://zesummendigital.public.lu/fr.html Chambre des Métiers, de Partner vum Handwierk: https://cdm.lu Hidden Disabilities Sunflower: https://hdsunflower.com/lu Info-Handicap: https://info-handicap.lu
    Show More Show Less
    42 mins
  • 1 cm - Trailer
    Sep 25 2025
    De Lëtzebuerger Aarbechtsmarché sicht no Leit, d’Kompetenze vu Mënschen mat enger Beanträchtegung ginn dobäi nach ze dacks vergies. De Podcast weist, mat wéi enge Barrièren si konfrontéiert sinn a wéi vill ongenotzt Potenzial et nach gëtt, fir d’Gesellschaft a fir d’Wirtschaft.
    Show More Show Less
    1 min
No reviews yet
In the spirit of reconciliation, Audible acknowledges the Traditional Custodians of country throughout Australia and their connections to land, sea and community. We pay our respect to their elders past and present and extend that respect to all Aboriginal and Torres Strait Islander peoples today.