Episodes

  • David Goldrake
    Oct 7 2025
    Endlech, no Jore vun der Anticipatioun, ass et sou wäit: D'Jill Lallemang kënnt mam David Goldrake an d'Gespréich. Seng éischt Zauberschow hat hien als Schüler am Lycée Robert Schuman um Chrëschtmaart. Säi Kolleeg huet deemools säin Talent erkannt an hien an d'Direktioun geschleeft. Eng ganz Aula huet hie gefëllt – an dat war den Ufank vun enger Karriär, déi hie bis op Las Vegas brénge sollt. Haut mécht hien tëscht véier bis aacht Showe fir am Schnëtt 11.000 Leit pro Sall an der Woch a schléift, wann et héich kennt, dräi bis fënnef Stonnen den Dag – awer dat ganz gären. Firwat Le Petit Prince ee Buch ass, mat deem hien sech identifizéiere kann, op a wéini een als Illusionist och alt mol Angscht virun Tricks kann hunn, wéi et amf Fong ass, a "Sin City" ze liewen an Ablécker hannert d'Kulissen: All dat, an nach vill méi, deelt den David Goldrake mam Jill. Du wëlls méi iwwer Reklamme wëssen? Schreif eis op podcast@journal.lu
    Show More Show Less
    46 mins
  • Luc Spada
    Sep 23 2025
    Des Episod trefft d'Jill op de Luc Spada, de net nëmme Schrëftsteller an de Fiasko Fest-Moderator op Radio 100,7 ass, mee seguer bal well e Member vun de Beatsteaks ass – ëmmerhi ginn seng Lidder jo vun hirem sechste Perkussionist gemastered. Insgesamt ass de Luc Spada net bekannt dofir, näischt ze maachen oder iwwerhaapt ze raschten – mee dofir awer bal ëmmer bëssi sou ze maachen, wéi et him grad an de Krom passt a wat sech fir hien authentesch ufillt. Mënschlech, frech a mat vill Selbstironie ënnerhalen déi zwee sech iwwert di mi schwéier ze romantiséierent Facettë vum Schreiwen, doriwwer, wéi ee moderéiert, wann een emotional vun eppes getraff ass, Männer (fuerchtbar nerveger a manner nerveger), a wéi wäit berüümt si gutt oder schlecht wier. Op de Luc Spada elo 15, 40 oder seguer 80 Joer laang zu Berlin war ier e fir d'Léift de Wee zréck op Lëtzebuerg fonnt huet, gëtt zwar net gekläert. Mee eens sënn hien an d'Jill sech, dass et e risege Spaass ass, ganz undercover Friemen an der Ëffentlechkeet beim Schwätzen nozelauschteren – an dëst och alt als Inspiratiounsmaterial ze benotzen. Du wëlls méi iwwer Reklamme wëssen? Schreif eis op podcast@journal.lu
    Show More Show Less
    46 mins
  • Anne Wies
    Aug 12 2025
    An dëser Episod trëfft d'Jill am Holy Ghost Garden op d'Anne Wies vum Atelier Monell. Als Kanner sinn se zesummen op der Diddelenger Kiermes Knuppauto gefuer, haut gesinn se sech am alen Tattoo-Studio tëscht Planzen op e Käffche rem… an hunn sech méi, wéi genuch, ze zielen. D'Anne ass fräischaffend Architektin, Goldschmattesch, a rakéitesch "campeuse bronzée" mat engem VW T4, déi d'Welt gesi well. Ugefaangen huet de Wee vum soziale Wunnengsbau an d'Handwierk mat geierften Ouerrénk vun der Boma, déi ursprénglech null säi Stil waren. Hatt ass du bei e Goldschmatte gaangen, fir se nei ze designen – an do huet et gefunkt. Haut mécht hatt se selwer: Bijoue mat Séil, déi no Wochen a Méint Aarbecht de Numm vun engem Mënsch droen, deen him eppes bedeit. Si schwätzen doriwwer, wéi een eleng een Atelier féiert, iwwer Diddl-Mäisecher, Familljegeschichten, an de Kulturschock vun hollännescher Iesskultur. An natierlech: Wou fillt een sech doheem, wann een tëscht Amsterdam a Lëtzebuerg pendelt? Du wëlls méi iwwer Reklamme wëssen? Schreif eis op podcast@journal.lu
    Show More Show Less
    34 mins
  • Lou Philipps
    Jun 11 2025
    Skulpturen, Fotografie oder Kleeder: Dem Lou Philipps säin Häerz schléit fir d’Konscht. Fir hatt war et also selbstverständlech, säin Job draus ze maachen. No senge Studien zu Wien a London, wou et am léifste bliwwe wier, ass et zeréck op Lëtzebuerg komm, wou hatt haut als Directrice vun der Valerius Gallery schafft. Bei engem Matcha am Knopes erzielt hatt dem Jill, dass säin Appartement voller Biller steet, obwuel et näischt ophänken dierf, dass et wichteg ass, Konscht ze kafen, fir jonk Kënschtler*innen ze ënnerstëtzen, an dass et an all Galerie eng Offer fir all Budget gëtt. Si schwätzen och vu Fashion a vu Reesen. Dat mam Fliger, mam Zuch… oder souguer mat engem Van voller Konschtstécker a Richtung Ibiza. Du wëlls méi iwwer Reklamme wëssen? Schreif eis op podcast@journal.lu
    Show More Show Less
    43 mins
  • Dunia Ciuferri
    May 21 2025
    D’Dunia Ciuferri tätowéiert am eegenem Studio Scuro zwar gréisstendeels mat schwaarzer Tënt, ma fält virun allem mat hirem sonnegen a bonten Optrëtt op. Déi jonk Entrepreneuse, Kënschtlerin an engagéiert Aktivistin huet an de leschte Joren net nëmmen e Raum fir kënschtlereschen Ausdrock geschaf, ma och e safe space, an deem sech jidderee wuel fille kann, esou, ewéi en ass. Eng Waarmhäerzegkeet, déi och dëst Gespréich duerchaus spigelt. Well nieft seriöen Themen ewéi Fraefeindlechkeet an Homophobie gëtt virun allem haart gelaacht a mat enger gesonder Portioun Selbstironie op d’Vergaangenheet zeréckgekuckt. Du wëlls méi iwwer Reklamme wëssen? Schreif eis op podcast@journal.lu
    Show More Show Less
    37 mins
  • Julien Hübsch
    Apr 9 2025
    Wien alles als Konscht ugesäit, muss och mat de Konsequenze liewen. Deemno erzielt eis de Lëtzebuerger Kënschtler Julien Hübsch an dëser Folleg vun (On)bekannt, wisou hien an enger Ausstellung eng Toilette huet misse botzen a wisou seng Bezéiung mam Jesus net esou einfach ass. D'Jill léiert dobäi net nëmmen d’Konscht aus der Renaissance besser kenne, ma och déi verschidden Entwécklunge vun engem fuussegem Pokemon. E Gespréich, dat esou villsäiteg ass ewéi dem Julien Hübsch seng kënschtleresch Ausdrocksformen oder dem Charme vum Minett - egal, wei gutt d’Jeunesse Esch sech momentan um Terrain schléit! Du wëlls méi iwwer Reklamme wëssen? Schreif eis op podcast@journal.lu
    Show More Show Less
    45 mins