New Work cover art

New Work

New Work

By: Chambre des salariés | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
Listen for free

About this listen

Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaangen sech ze veränneren. D'Pandemie huet dat nach emol acceleréiert. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Geforen? Dorëms geet et am Podcast "New Work", eng Kollaboratioun tëscht der Chambre des salariés an dem Lëtzebuerger Journal.Lëtzebuerger Journal Career Success Economics Education
Episodes
  • New Work #21 - D'Weiderbildung am Erwuessenenalter
    Oct 2 2025
    Et ass een ni ze al, fir nei Saachen ze léieren. Fir sech weider ze bilden an een neien Diplom ofzeschléissen och net. Vun enger Beruffsausbildung, wéi den DAP bis de Master, kann een Diplomer an divers Zertifikaen och nach wärend senger Carrière maachen. D'Chambre de salariés setzt sech dofir an, dass all Mënsch d'Méiglechkeet kritt, sech ze qualifizéieren. Iwwerdeems bidden si och selwer Formatiounen iwwert de Lifelong Learning Center un a beräicheren esou d'Panoplie vun der Offer hei am Land. Doriwwer an iwwer villes méi schwätze mir mam Jeannine Kohn, Conseillère an der Direktioun vun der CSL.
    Show More Show Less
    22 mins
  • New Work #20 - Wéi de Klima d'Aarbecht verännert a wat dogéint gemaach gëtt
    Sep 1 2025
    De Klimawandel ass kengem méi ee frieme Begrëff. Domat setzt een oft extreem Wiederen an de Verloscht vun der Biodiversitéit a Verbindung. Schonn haut si mir a Lëtzebuerg vun de Konsequenze betraff – an domadder och eis Aarbechtsplazen. Ma wéi eng Mesurë musse geholl ginn, fir deem entgéint ze wierken? D'Chambre des salariés bereet, zesumme mam Mouvement écologique (MECO), ee Plan social fir de Klima vir. Doriwwer an iwwer villes méi a punkto Klimawandel beschwätze mir an dëser Episod mam David Büchel an dem Claude Roeltgen, alle béid Conseiller bei der CSL, an dem Blanche Weber, Präsidentin vum MECO.
    Show More Show Less
    21 mins
  • New Work #19 - Wuelbefannen an atypesch Aarbechtszäiten
    Jun 4 2025
    Work-Life Balance ass een Term, deen een net méi ëmgoe kann. Ëmmer méi gëtt iwwert d’Wuelbefanne vun de Salarié*een op der Aarbecht geschwat – an d'Chambre des salariés mécht all Joers an deem Kontext eng gréisser Enquête. Wéi huet d’Covid-Pandemie d’Wuelbefanne vun de Salarié*eë gepräägt? Wat beaflosst de Bien-être positiv – a wat negativ? Kann een den Impakt vun atypeschen Aarbechtszäite moossen? A si Léisungsusätz, wéi d’Véier-Deeg-Schaffwoch, wierklech erwënscht? Genee dës Froe beäntweren den David Büchel, Aarbechtspsycholog bei der Chambre des salariés, an d'Nathalie Moschetti, Juristin bei der CSL, an dëser Episod.
    Show More Show Less
    21 mins
No reviews yet
In the spirit of reconciliation, Audible acknowledges the Traditional Custodians of country throughout Australia and their connections to land, sea and community. We pay our respect to their elders past and present and extend that respect to all Aboriginal and Torres Strait Islander peoples today.