Gréng op den Oueren cover art

Gréng op den Oueren

Gréng op den Oueren

By: Enovos | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
Listen for free

About this listen

Mir beliichten är Energie vun alle Säiten! An dësem Podcast treffe mir Leit, déi sech domat auskennen – Experten an awer och iwwerzeegte Notzer.⁣ ⁣ Wéi bréngt de Mënsch et fäerdeg, an Zukunft méi nohalteg ze liewen? Wéi eng grouss Entwécklunge gëtt et, déi eisen Alldag an eist Zesummeliewe beaflossen? Mir ginn dëse Froen op de Fong a schwätze mat deenen, déi et virliewen.⁣ ⁣ Eng Produktioun vun Enovos an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. Social Sciences
Episodes
  • Sonn fir jiddereen – zesumme Stroum deelen
    Oct 8 2025
    Wat wier, wann een zesumme mat sengen Nopere kéint Energie deelen? Wat op deem éischte Bléck ongewéinlech kléngt, ass haut Realitéit. Mat de sougenannten Energy-Sharing-Gruppen ass et elo méiglech, zesumme mat den Noperen an och mat klénge Betriber Energie ze deelen. Zesumme mam Fenn Faber a Gilbert Théato vun der Klima-Agence, souwéi mam Tatiana Berseneva vun Enovos, kucke mir hannert d’Kulisse vun dësem spannende Konzept, bei deem och dir dobausse kënnt matmaachen.
    Show More Show Less
    29 mins
  • Mam Wandrad vun der Zäit goen
    Jul 31 2025
    Et ass faszinéierend: Ee Wandrad muss just eemol dréinen, an et kënnen direkt bis zu 10 Batterien vun Elektro-Veloen opgelueden ginn. Trotz hirem Potenzial ginn et nach Suergen – wéinst Lautstärk, Landschaftsbild oder Naturimpakt. Wéi vill dovun ass nach haut berechtegt? De Paul Zeimet vu SOLER – eisen Invitée an dëser Episode vu Gréng op den Oueren – geet genee dëse Froen no. Hie verréit, firwat och d’Gemengen eng wichteg Roll spillen, firwat d’Wandrieder net rosa däerfe sinn a wéi de Grand-Duc reagéiert huet, wéi e Wandrad bei sengem Schlass opgeriicht gouf.
    Show More Show Less
    27 mins
  • Nohalteg ënnerwee mat der CFL
    Apr 29 2025
    Bei der CFL ass dat méi, wéi just eng Fro – et ass eng Missioun. Vun erneierbaren Energië bis zu grénger Infrastruktur : déi national Eisebunnsverwaltung beweist, dass Transport an Ëmwelt keng Géigesätz musse sinn. Vun Innovatiounen, iwwer Strategien an Ëmweltbewosstsinn, schwätzt de Max an dëser Episod mam Sandy Nonnweiler, CFL-Pressespriecherin, an dat direkt aus dem Zuch eraus. Donieft geet et och ëm de PPA-Projet tëscht der Enovos an der CFL.
    Show More Show Less
    25 mins
No reviews yet
In the spirit of reconciliation, Audible acknowledges the Traditional Custodians of country throughout Australia and their connections to land, sea and community. We pay our respect to their elders past and present and extend that respect to all Aboriginal and Torres Strait Islander peoples today.