Déi gutt Mod cover art

Déi gutt Mod

Déi gutt Mod

By: Melody Hansen | Lynn Warken | Lëtzebuerger Journal
Listen for free

About this listen

Et waren emol eng Lokaljournalistin an eng Radiomoderatorin. Elo leede se gemeinsam e 76 Joer ale Mediebetrib, de Lëtzebuerger Journal. Wéi se dat maachen, erzielen d’Lynn Warken an d’Melody Hansen an dësem Podcast. Si schwätzen iwwert hiren Alldag an enger Féierungspositioun, hir Learnings, Beobachtungen awer och iwwert déi Saachen déi si owes wakereg halen.Lëtzebuerger Journal Economics Management Management & Leadership Social Sciences
Episodes
  • #31 Leadership a Famill: Tëscht Paus a Perspektiven feat. Maxi Pesch
    Sep 17 2025
    An dëser Episod schwätze mir iwwert eis Erfarungen, wéi eng Féierungspositioun organiséiert ka ginn, wann ee vun eis an de Congé de Maternité geet. Am Gespréich geet et ëm déi temporär Ëmstrukturéierung am Betrib, d’Learnings aus dëser Zäit an d’Chance fir d’Weiderentwécklung vun der Ekipp. Mir diskutéieren och, wéi vill Fräiheet entsteet, wann ee säi Poste selwer verdeele kann an decidéiert, wéi genee déi Struktur soll ausgesinn. Eng aner wichteg Dimensioun si Virurteeler géint Fraen an hiren 30er an d’Virstellung, si kéinte “schwanger ginn“. Wéi beaflossen esou Gedanken a Musteren d’Karriärweeër? Et kann och anescht goen: Eng bewosst Ëmgestaltung vun der Aarbechtsplaz an eng oppen Diskussioun iwwer Rollen a Verantwortung kënnen d’Betribskultur stäerken an d’Zesummenaarbecht verbesseren.
 Zousätzlech schwätze mir mat der Journalistin Maxi Pesch iwwer säi Podcast 1000 Deeg. Am Mëttelpunkt steet d’Fro, wat Kanner an den éischten 1000 Deeg fir hir Entwécklung brauchen, a wéi dat mat der Iddi vun enger nohalteger Zukunft zesummenhänkt. D’Maxi deelt seng Erfarunge beim Opbau vu senger eegener Mark, enger engagéierter Community, erkläert, firwat hat de Podcast lancéiert huet, a weist op Sujeten hin, déi nach méi staark nobausse gedroe musse ginn. Hei geet et bei de Podast: 1000 Deeg: https://open.spotify.com/show/0qdq91nqa2PzmRDBOpADRP?si=8fc5c4b6d12a4c57
    Show More Show Less
    41 mins
  • #30 Empathie, Muecht a Menopause: D'Yuriko Backes iwwer Leadership
    Aug 19 2025
    An dëser Episod schwätze mir mam Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit (MEGA), fir Verdeedegung a fir Mobilitéit an Travaux publics. Am Gespréich geet et ëm Leadership tëscht Empathie a Muecht an d'Bedeitung vun oppener Kommunikatioun, wann et drëms geet Decisiounen ze treffen a Léisungen ze fannen. Mir diskutéieren d'Onofhängegkeet vun de Fraen, hir wirtschaftlech a politesch Autonomie an d'Fro vun Diversitéit a Gläichberechtegung zu Lëtzebuerg. D'Yuriko Backes deelt och, wéi si hire Wee an d'national Politik gaangen ass, eng Decisioun, bei där d'Famill eng wichteg Roll gespillt huet. Zousätzlech schwätzt si ganz oppen iwwer hir perséinlech Erfarungen an der Menopause an d'Auswierkungen, déi dës Phas an der Aarbechtswelt mat sech bréngt.
    Show More Show Less
    39 mins
  • #29 De Courage, Responsabilitéit ze iwwerhuelen (feat. Miriam Eisenmenger)
    Jul 22 2025
    Kuerz virun der Summerpaus geet et fir d’Redaktioun vun engem Presseiessen op dat anert. D’Melody verréit eis, wat hannert dëse Veranstaltungen stécht a wat hire Sënn ass. Mir schwätzen iwwert eise Partenariat an der Kannerspillstad „Mini-Lënster“, wou mir d’Mini-Journal-Redaktioun opgebaut hunn an d’Lynn war beim ACL op Besuch, wou hat mat der CEO Miriam Eisenmenger geschnësst huet. Nieft dem Thema modern Mobilitéit hu si sech iwwert Leadership an de Courage, Verantwortung ze iwwerhuelen, ënnerhalen, esouwéi iwwert de Wäert vu Mentoring an d’Bedeitung vun engem gudde Netzwierk, dat besonnesch hei zu Lëtzebuerg esou wichteg ass.
    Show More Show Less
    43 mins
No reviews yet
In the spirit of reconciliation, Audible acknowledges the Traditional Custodians of country throughout Australia and their connections to land, sea and community. We pay our respect to their elders past and present and extend that respect to all Aboriginal and Torres Strait Islander peoples today.