• Kënschtlech Intelligenz: De Mënsch muss am Mëttelpunkt bleiwen
    Nov 11 2026
    D'Kënschtlech Intelligenz verännert eis Gesellschaft. Mee wou leien hir Grenzen? A wéi suerge mir dofir, datt den technologesche Fortschrëtt dem Mënsch déngt? An dëser Episod vu „Mikroskop“ schwätze mir mam Theolog Dr. Marco Schrage iwwer d'ethesch Erausfuerderunge vun der KI, d'Verantwortung vun der Politik an d'Roll vun Europa. Am Mëttelpunkt steet dobäi eng zentral Fro: Wéi kënne mir d'Dignitéit, d'Fräiheet an d'Verantwortung vum Mënsch och am Zäitalter vun der KI schützen?
    Show More Show Less
    22 mins
  • Steierreform: E Quantesprong oder Grond fir Kritik?
    Oct 27 2026
    Méi Netto vum Brutto an eng individuell Besteierung fir jiddereen: D'Steierreform soll de Lëtzebuerger Steiersystem vun 2028 un grondleeënd veränneren. Mee wie profitéiert wierklech dovunner? Ginn Alengerzéiender a Famillje genuch berücksichtegt? A wéi gëtt déi Reform finanzéiert? An dëser Episod vu Mikroskop, dem Podcast vun der CSV-Fraktioun, hëlt den CSV-Deputéierte Michel Wolter Stellung zu de Kriticke vun der Oppositioun an erkläert, firwat dës Reform a sengen Aen e wichtege Schrëtt a Richtung vun engem méi modernen a gerechte Steiersystem ass.
    Show More Show Less
    18 mins
  • Eng Steierklass fir jiddereen – wat ännert sech mat der Steierreform?
    Oct 27 2026
    🎙️ Eng Steierklass fir jiddereen – wat ännert sech mat der Steierreform? Vum 1. Januar 2028 un soll déi nei Steierklass U kommen. Mee wat bedeit dat konkret fir Iech? Wien profitéiert? Wat ännert sech fir bestuete Koppelen, Famillje mat Kanner an Alengerzéiender? An dëser Episod vu *Mikroskop*, dem Podcast vun der CSV-Fraktioun, erkläert d'Diane Adehm, Presidentin vun der Finanzkommissioun a Rapportrice vum Gesetz, déi wichtegst Neierungen an äntwert op d'Froen, déi sech vill Leit stellen.
    Show More Show Less
    13 mins
  • Wéi soll Lëtzebuerg op déi schlecht PISA-2025-Resultater reagéieren? – d'CSV-Positioun vum Ricardo Marques?
    Sep 29 2026
    Am CSV Podcast "Mikroskop" ronderëm de Sujet vun de Resultater vun der PISA-Etude 2025 fuerdert de CSV-Deputéierten a Vizepresident vun der Educatiounskommissioun Ricardo Marques eng „méi leeschtungsfäeg Schoul": PISA sief keng Ranglëscht, mä eng Invitatioun, éierlech op de Schoulsystem ze kucken an d'Basiskompetenze vun alle Schülerinnen a Schüler stäerken.
    Show More Show Less
    20 mins
  • #18 - Isabel Wiseler
    Jun 5 2026
    D'Isabel Wiseler-Lima ass Invitée an dëser Episod vum Podcast Mikroskop. Als klengt Meedchen ass d'Isabel Lima mat hiren Elteren aus Portugal op Lëtzebuerg komm an hat hei, wéi si selwer seet, eng wonnerschéin Kandheet. Als Jugendlecht huet d'Isabel de Claude Wiseler kenne geléiert an zanterhier sinn si eng Koppel. Wéi war de gemeinsame Wee an d'Politik
    Show More Show Less
    47 mins
  • #17 - Emile Eicher
    May 20 2026
    Den Emile Eicher huet säi ganzt Liewen zu Maarnech verbruecht. Dat heescht awer net, dass hien net an der Welt ronderëm komm ass. Ganz am Géigendeel. An dëser Episod vu MIKROSKOP erzielt de sympathesche Politiker aus dem Norden iwwert säi Joer an Australien, säi Wee an d'Politik, deen direkt als Buergermeeschter ugefaangen huet an iwwert déi grouss Erausfuerderunge fir d'Gemengen hautdesdaags.
    Show More Show Less
    32 mins
  • #16 - Stéphanie Weydert
    May 15 2026
    Buergermeechtesch vu Rouspert/Mompech. Deputéiert an der Chamber. Vizepresidentin vun der Fraktioun a vun der Partei. Dat ass d'Stéphanie Weydert, dat een eigentlech ni schlecht gelaunt gesäit. Wéi koum d'Stéphanie esou jonk an d'Politik, wat sinn d'Virdeeler vun enger Fusiounsgemeng an ëm wéi eng Dossiere bekëmmert d'Stéphanie sech an der Chamber. Dat Alles gitt der an dëser Episod vum Podcast MIKROSKOP gewuer.
    Show More Show Less
    33 mins
  • #15 - Martine Kemp
    Apr 17 2026
    Et gouf emol de Sproch "Hast du einen Opa, dann schick ihn nach Europa". Dat trëfft awer op keen esou wéineg zou, wéi op d'Martine Kemp, déi fir d'CSV am Europaparlament ass. Déi 31 Joer jonk Deputéiert steet eis dës Kéier Ried an Äntwert am Podcast MIKROSKOP. Firwat Europapolitik, wat kënne 6 vu 720 Deputéiert erreechen, keng Zesummenaarbecht mat Riets a wéi kritt een als Mamm Politik an d'Geplënners tëscht Stroossbuerg, Bréissel a Lëtzebuerg ënnert een Hutt. Dat sinn nëmmen e puer vun de Sujeten an der Emissioun.
    Show More Show Less
    35 mins