• E08 : High Society ? Cannabis an éis Zukunft
    Dec 12 2025

    Zanter 2023 geet Lëtzebuerg méi tolerant mam Cannabis ëm. An dëser Episod schwätze mir iwwer déi aktuell Gesetzeslag, de leschte Rapport an d’Fro, ob eng komplett Legaliséierung Sënn mécht – a wat dogéint schwätzt. Donieft kucke mir och op d’Roll vum Alkohol an eiser Gesellschaft an op déi ënnerschiddlech Moosse mat deenen zwou Substanzen.


    00:00 Intro + FIFA Peace Price

    06:55 Frieden Freifall am Politmonitor

    09:21 Wéi steet et ëm de Cannabis ?

    28:56 Neo Fact

    35:59 Alkohol duerch verschidden Generatiounen

    47:19 Christmas Talk + Outro

    Show More Show Less
    49 mins
  • E07: Op de Spueren vum Thor
    Dec 1 2025

    PML Crew ass a Norwegen ënnerwee. Vun Bergen iwwer Oslo bis op Tromsø ginn mir Fjorden besichen, erliewen e Kälteschock no der Sauna, klammen bis bei den Nigardsbreen Gletscher, joen Northern Lights an ginn op Sich no Orcas.


    00:00 Intro

    5:42 Bergen

    19:30 Flam

    27:41 Nigardsbreen

    37:50 Sauna am Fjord

    49:32 Oslo

    56:06 Tromsø

    Show More Show Less
    1 hr and 4 mins
  • E06: Home vs Bureau ; Déi néi Realitéit tëschent Fräiheet an Solitude
    Oct 18 2025

    Homeoffice, Hybrid oder zeréck an d’Büro? An dëser Episod schwätze mir doriwwer, wéi d’Aarbechtswelt sech geännert huet – vu Flexibilitéit doheem bis zur Teamdynamik am Büro. Wat funktionéiert wierklech am Beschten?


    00:00 Intro

    04:15 Geschicht vum Homeoffice

    20:44 Produktivitéit am Homeoffice

    26:46 Ekosystem vun den Entreprisen

    29:07 Responsabilitéit vum Individium

    35:08 Neo Fact

    40:09 Mentalen Impakt

    52:20 Schlusswuert

    Show More Show Less
    58 mins
  • E05 : Pass op wats de sees ! Wéi steet et ëm eis Meenungsfräiheet ?
    Oct 3 2025

    An dëser Episod kucke mir méi genee op d’Diskussioun ronderëm d’Zoustand vun der fräier Meenungsäusserung haut. Vun de rezente Kontroverse ronderëm Charlie Kirk a Jimmy Kimmel bis bei d’Roll vu soziale Medien stelle mir d’Fro: Ass fräi Ried an Meenungsfräiheet nach ëmmer wierklech méiglech – oder steet se ënner Ugrëff? Mir schwätzen iwwer d’Risiken, déi mat dësem Recht verbonne sinn, ob de Staat et ouni Kompromëss garantéiere kann, a wéi déi politesch Polariséierung d’Grenze vum ëffentleche Gespréich beaflosst.


    00:00 Intro + Oli zu Mailand

    09:30 Debatt iwwert Meenungsfraiheet

    30:28 Charlie Kirk Martyrer fir d'Republikaner?

    39:04 Jimmy Kimmel + FCC

    48:00 Social Media

    52:36 Neo Fact

    54:44 Trounwiessel

    Show More Show Less
    1 hr
  • E04: Iwwert d'Relioun eraus - Firwat mir gleewen wëllen
    Sep 19 2025

    An dëser Episod gi mir der Fro no: Firwat gleewen d’Mënschen?Vum Urspronk vum Glawen an deenen éischte Kulturen, iwwer d’Reformatioun mam Luther an d’Opklärung, bis bei haut – wou Glawen net onbedéngt reliéis muss sinn, mee och Vertrauen an d’Demokratie, d’Léift oder de Fortschrëtt ka bedeiten. Mir kucken, wéi de Glawen Zivilisatioune geformt huet, wéi en och korrumpéiert gouf, a wéi d’Institutiounen, déi dorop opgebaut sinn, sech entwéckelt hunn.Am Kär bleift d’Fro: Net ob mir nach Glawen brauchen – mee wouran mir haut wëlle gleewen.

    Show More Show Less
    51 mins
  • E03: "SHUT UP LEGS" : Wéi een en Triathlon iwwerlieft
    Sep 5 2025

    Fitness gëtt an eiser Gesellschaft ëmmer méi wichteg. Vill Léit, zumools Jonker, huele Gesondheet ëmmer méi eescht a Fitness Influencer ginn ëmmer méi viral. Och mir gi mam Trend. An dëser Episode gi mir virun allem op eis Triathlon Experienzen an. Vum Deepak dee mëttlerweil praktesch Semi-pro ënnerwee ass bis den Oli dee mat engem Vëlo aus dem 20ten Joerhonnert um Bierg hänke bleift. Donieft erkläert den Deepak firwat "Chameaux" dat bescht Spill op der Fouer ass an den Oli geet op Yacht Windowshopping. Plus mir stellen den éischten "Neo Fact" fir.

    Show More Show Less
    1 hr and 1 min
  • E02 : One year of Caritas disaster, Oli in Sicily & FLF new headcoach
    Aug 22 2025

    Mir blécken zréck op ee Joer Caritas Desaster um politesche wéi um ekonomesche Plang. Wien ass Schold a firwat wësse mir haut nach ëmmer net méi wéi virun engem Joer? Den Olivier mëscht eng Mafia Tour duerch Palermo a mir stellen den neien Trainer vun der FLF fir.

    Show More Show Less
    53 mins
  • E01 : Oasis Mayhem, Coldplay CEO Drama, Fire at Tomorrowland & Women Run the Euros
    Jul 27 2025

    An der alleréischter Episod vu Pardon my Lëtzebuergesch schwätze den Olivier an den Deepak iwwer d' Reunioun vun Oasis zu Manchester, ginn op de viralen Moment rondrëm de CEO vun Astronomer an, a kucken op d’Feierkatastroph beim Tomorrowland. Zwëschenduerch gëtt et Chill-Vibes zu Zürich – a bei der Fraen-EM gëtt kloer: d’Zäit vu „Boy’s Only Football“ ass eriwwer.

    Show More Show Less
    52 mins