Episodes

  • #13 TOMATE MOZZARELLA
    Jul 16 2023

    Back for one last time (dëss Season hehe).


    Mir spillen "Wie gut kennst du mich" an beäntwerten är Froen.


    See ya in September, we're off <3


    @kichelcherpodcast op Instagram fir dass dir eis nët vermësst xoxo

    Elena a Sam

    Show More Show Less
    1 hr and 14 mins
  • #12 GINGS DU DENG KANNER POSTEN?
    Jul 2 2023

    Hello,


    Dëss Folg kritt eng kuerz Beschreiwung well d'ass grad 00:20 an d'Sammy ass midd.


    Lauschtert eis no, wéi mer iwwert Family a Mommy Vlogger an Influencer diskutéieren, well enger Meenung si mer definitiv net.


    Followed eis op eisem Insta @kichelcherpodcast an schreiwt eis onbedengt fir di nächst Folg e puer Froen!!


    See ya next week.

    Show More Show Less
    59 mins
  • #11 SpiRiTuAliTéiT
    Jun 27 2023

    Welcome to the shitshow. Dat heiten ass eis cursed/lost episode déi et baal net online gepackt hätt.

    Mir hoffen trotzdem, se gefällt Iech. Mir schwätzen iwwert Glaawen und so, vill méi ass hei nët well mer e riesen Stéck verluer hun, rip.

    Ganz vill huet missten geschnëppelt gin, well immens vill schiefgaang ass mee heyho kleiner Stern, alles ass gutt.


    Kussi babes

    Elena + Sam


    BTW mir hun elo en Instagram, just fir de Pod: @kichelcherpodcast


    xoxo

    Show More Show Less
    43 mins
  • #10 MAMA, WAT ASS CONSENT?
    Jun 18 2023
    TW ab Minutt 56:00 : Sexuelle Mëssbrauch An einfach esou hun d'Elena an d'Sammy einfach schon 10 Folgen opgeholl. Jubiläumsfolge whohoooooooo!!! Et gëtt (leider) rem ebessi geeky. Geschwaat gëtt iwwert Top-Podcasts, Comfort Serien, ee Jonggesellinnen-Abschied an Consent, what a mix. An dëser ronner Folg hu mir awer och zwee Iwwerraschungsgäscht dobäi, di eis ebessi eppes ze zielen hun. Loosst Iech iwwerraschen, well dëss Folg ass definitiv e Mix un Themen. Folgt eis op Instagram, wann dir zousätzleche Content zu de Folgen wëllt. @s.vmmy an @the.forgiarinis Kussiiiiiiii
    Show More Show Less
    1 hr and 14 mins
  • #9 D'ASS KIERMES AM DUERF
    Jun 11 2023

    Back again, dess Woch mat enger Folg di baal live, kuerz a knackeg ass. Vun der Kiermes, bis zum McDonalds, d'Elena an d'Sammy wëlle wëssen wat di aner Persoun am léifsten bestellt fir ze iessen. Doniewt gëtt iwwer Celebrity crushes, Minigolf an Fashion Trends, déi ausstiewen sollen, geschwaat.


    Kussiiiiii

    Show More Show Less
    46 mins
  • #8 SAD KICHELCHER CLUB
    Jun 5 2023
    D'Elena an d'Sammy sin no enger Woch Paus zeréck. D'Sammy reegt sech gefillt iwwert alles op, ennert aanerem grouss Konzerner di Ideen bei kleng independent Shops siche ginn, iwwert Männer, Alkohol an awer och iwwert sech selwer. D'Elena war mat sengem Schatzi campen an wëll elo onbedengt e Schoof. Weieen Promi hoffs du, datt gecancelled gëtt? Hiews du d'Jupe rop wanns du Pipi maan muss oder zitts du se rof wi eng Box? An wéi demütegend ass et wanechglift, ee Body unzedoen an d'Knäpp zouzeklippsen? Serieux gëtt et an der Folg awer och nach: enner aanerem schwätzen di 2 driwwer, wéi et ass eng Fra ze sin an di Ängscht di een och nëmmen als Fra gefillt huet. Eng aner wichteg Sach: Healing ass leider net lineär. Ee Setback bedeit awer allerdéngs och net, datt d'Fortschrëtter vu firdrun komplett ignoréiert solle gin. We love y'all. Take care, kussiiiiiiiii
    Show More Show Less
    1 hr and 7 mins
  • #7 DUERCHFALL UM TEPPECH
    May 21 2023
    Sou wéi den Titel ass d'Folg vun dëser Woch eng rieseg Mess. D'Sammy ass net gutt drop, d'Elena och net. Amplatz iwwert hier Problemer ze schwetzen, menge si et wier eng gutt Iddi, "witzeg" ze sin. Wanns DU di éicht 10 Minutten vun dëser Folg packs, dann chapeau, wierklech. Et gouff ganz vill rausgeschnidd, dat héiert een deelweis och mee hey, mir wëlle jo authentesch bleiwen. An deser Folg gett wi gesoot ganz vill Schäiss geschwaat, mee och iwwert den Firfall wou een op dem Sammy säin Teppech "grouss" gemaach huet... D'Elena an d'Sammy stelle sech fir, wat se mat 1 Mio. € maache gingen, an et gett och na deep. "Du gesäis awer gutt aus!! Hues du ofgeholl???" ass e grousst Thema. Merci weiderhin fir di schéin Wierder an de Support. Kussiiiiiiiiii
    Show More Show Less
    1 hr and 8 mins
  • #6 RIP BLOKKER
    May 14 2023

    And so we meet again, an dëss Woch mat Kamera. Di huet d'Elena an d'Sammy schlussendlech awer méi genervt wi datt se hinnen gutt gedo huet, also muss an Zukunft aanecht audiovisuellen Content opgeholl gin. D'Sammy war op Köln an huet ganzer 3 (WOW!!!) Sätz mam one and only Tommi Schmitt geschwaat an heen kennt elo genuch vum Sammy senge facial Features datt en technically vun him dreeme kinnt. D'Elena bréngt den Trauma vun der Schülerband "Smashing into pieces" rem op, wou d'Sammy probéiert huet ze vergiessen lol. Ausserdem gëtt iwwert eng cool Keller-Rave zu Bastenduerf, Modesünden an Action, Blokker, Hema, etc. geschwaat. D'Conclusioun ass: D'Hollänner hun et iergendwéi raus.


    Mir hun eis en Tiktok gemaach, followed eis @kichelcher op Tiktok, Content kënnt och do lues awer sëcher.

    Eis Instas si weiderhin @s.vmmy an @the.forgiarinis


    Love,

    Elena a Sammy

    Kussiiiiiiiii

    Show More Show Less
    1 hr and 9 mins