De Walpodcast cover art

De Walpodcast

De Walpodcast

By: Luxemburger Wort
Listen for free

About this listen

D'Ines an d'Liz, zwou Journalistinne vum "Lëtzebuerger Wort", begleeden am "Walpodcast" d'Campagne fir d'Chamberwalen bis den 8. Oktober 2023. Si diskutéiere mat Experten iwwer d'Spëtzekandidaturen, kucken, wéi eng Campagne opgebaut ass a wéi eise Walsystem fonctionnéiert a maachen de Bilan vu "Gambia 1" a "Gambia 2". Als Nolauschterer a Lieser kënnt Dir matmaachen! Schéckt eis Är Froen un d'Spëtzekandidaten a mir stellen se de Politiker bei eise véier Diskussiounsronnen am September!

Schéckt eis eng E-Mail un: walen@wort.lu oder sot Är Sproochnoriicht iwwer Whatsapp un den +352 691 487 303.

Abonnéiert „De Walpodcast“ elo a sidd mat dobäi, wann et den 29. August mat der éischter Folleg lass geet.

Dieser Podcast ist eine Produktion des "Luxemburger Wort"

Redaktion & Hosting: Ines Kurschat und Liz Mikos

Produktion: Marc Blasius

Musik: Christian Mertes

Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes

Political Science Politics & Government
Episodes
  • Episode 14: Wéi geet Regierungsbildung a wat mécht déi nei Chamber?
    Oct 12 2023
    Gambia ass ofgewielt: An der véierzéngter a leschter Folleg vun "De Walpodcast" hunn d’Moderatorinne Liz Mikos an Ines Kurschat de Generalsekretär vun der Chamber, Laurent Scheeck, zu Gaascht. Hie kennt de Maschinneraum vun der Demokratie, d’Chamber um Krautmaart wéi keen zweeten. Mat him schwätze mir fir d’éischt doriwwer, wéi eng Regierung gebilt gëtt: De Formateur Luc Frieden huet jo schonn zu Gespriecher agelueden. Dono geet et ëm d’Chamber an ënner anerem ëm dës Froen: Wat mécht se an der éischter Sëtzung den 24. Oktober? A wat fir een Ënnerschidd mécht et eigentlech, ob eng Partei elo Fraktiounsstäerkt huet wéi d’ADR oder se net méi huet wéi Déi Gréng? Dat war déi lescht Folleg vun De Walpodcast, deen elo bis Mëtt November eng Paus aleet. All Episode vum De Walpodcast fannt Dir ënner https://www.wort.lu/podcast/. All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/ _____________________________________ Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort _____________________________________ Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos Produktioun: Marc Blasius Musek: Christian Mertes Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes ____________________________________ Folgt eis: www.wort.lu X: @Wort_LU Facebook: @wort.lu.de Instagram: @luxemburger_wort

    See omnystudio.com/listener for privacy information.

    Show More Show Less
    40 mins
  • Episode 13: Lëtzebuerg wielt de Wiessel
    Oct 10 2023
    Gambia ass ofgewielt: An der dräizengter an virleschter Folleg vun "De Walpodcast" diskutéieren d’Modertorinnen Liz Mikos an Ines Kurschat mam „Wort“-Politikchef Marc Schlammes firwat Blo-Rout-Gréng d’Wielerinnen a Wieler net méi iwwerzeeege konnten, wat et mat der Niederlach vun Déi Gröng op sech huet an op Lëtzebuerg an d’Chamber elo méi wäit no riets rutschen. Den Donnschden den 12. Oktober erschengt De Walpodcast déi lescht Kéier fir dann eng Paus anzeleeën. All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/ _____________________________________ Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort _____________________________________ Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos Produktioun: Marc Blasius Musek: Christian Mertes Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes ____________________________________ Folgt eis: www.wort.lu X: @Wort_LU Facebook: @wort.lu.de Instagram: @luxemburger_wort

    See omnystudio.com/listener for privacy information.

    Show More Show Less
    30 mins
  • Episode 12: "Kanner zielen net, well se kee Kräiz maachen."
    Oct 5 2023
    An der zwielefter Folleg vun De Walpodcast hunn d’Moderatorinne Liz Mikos an Ines Kurschat rëm Gäscht an de Studio invitéiert, fir iwwer zwee Sujeten ze schwätzen, déi an der Walcampagne bal net virkomm sinn: d’Aarmut an d’Kanner. Mam Carole Reckinger, Sozialexpertin vun der Caritas, an dem Paul Heber, Chef vun der Kommunikatioun vun der Kannerorganisatioun Unicef Lëtzebuerg, diskutéiere mir, firwat dës Sujete kaum wouergeholl ginn, fir wat se fir d’Zukunft vu Lëtzebuerg awer wichteg sinn – a wéi een dës Gruppe besser an d’Politik abanne kéint. _____________________________________ All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/ _____________________________________ Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort _____________________________________ Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos Produktioun: Marc Blasius Musek: Christian Mertes Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes ____________________________________ Folgt eis: www.wort.lu X: @Wort_LU Facebook: @wort.lu.de Instagram: @luxemburger_wort

    See omnystudio.com/listener for privacy information.

    Show More Show Less
    42 mins
No reviews yet
In the spirit of reconciliation, Audible acknowledges the Traditional Custodians of country throughout Australia and their connections to land, sea and community. We pay our respect to their elders past and present and extend that respect to all Aboriginal and Torres Strait Islander peoples today.