• Vum Text bis Vott: Chamber versus EU-Parlament
    Jan 31 2026
    Wat geschitt eigentlech tëscht engem éischten Text an engem Vott? An dëser Episod huele mir iech mat an de politeschen Alldag – vun der éischter Iddi bis zur finaler Decisioun. Mir schwätzen iwwert projet a proposition de loi, d’Aarbecht an de Kommissiounen an d’Roll vum Rapporteur: wien Texter zesummebréngt, Kompromësser sicht a Verantwortung iwwerhëlt. Mir vergläichen d’national Aarbecht an der Chamber mat de Prozesser am EU-Parlament a weisen unhand vu konkrete Beispiller, firwat Politik dacks méi Zäit, Gespréicher a Gedold brauch, wéi een no bausse gesäit. Eng Episod fir jiddereen, dee verstoe wëll, wéi Gesetzer Form unhuelen – an net just, wéi se ofgestëmmt ginn.
    Show More Show Less
    35 mins
  • Mercosur & Social Media
    Jan 24 2026
    An dëser Episod schwätze mir iwwert den EU-Mercosur Handelsofkommes: firwat et aktuell esou vill Debatt ausléist a wat et fir europäesch a lëtzebuergesch Betriber bedeite kann. Am zweeten Deel geet et ëm eng ganz aner, mee genee esou kontrovers Fro: Soll Social Media verbuede ginn? Fir wien, firwat – a bréngt e Verbuet wierklech eng Léisung? Mir diskutéieren d’Argumenter, d’Risiken an d’politesch Verantwortung an enger digitaler Welt. Eng Episod tëscht Welthandel a gesellschaftlecher Debatt – mat Abléck, Kontext a klorer Haltung.
    Show More Show Less
    33 mins
  • KI, Algorithmen & Reegelen
    Jan 17 2026
    Wat ass KI eigentlech – a wéini gëtt et op eemol fir Politik relevant? An dëser Episod schwätze mir iwwert Algorithmen, Donnéeën a Kënschtlech Intelligenz – net theoretesch, mee unhand vu Beispiller aus dem Alldag. Vu Plattformaarbecht iwwer Online-Plattforme bis bei automatiséiert Entscheedungen, déi beaflossen, wat mir gesinn, wat mir kréien – oder net. Mir erkläre, firwat d’EU mat Reegelen ewéi dem Digital Services Act (DSA) an dem AI Act agegraff huet, wat dës Gesetzer konkret änneren a wou se scho Wierkung weisen – mee och, wou nach Loft no uewen ass.
    Show More Show Less
    34 mins
  • Ausgerechent Politik mam Françoise a Martine
    Jan 10 2026
    An dësem Podcast schwätze mir iwwert politesch Themen, Decisiounen an den Alldag hannert de Kulissen – éierlech, verständlech an ouni Floskelen. Mir erklären, wat Politik am richtege Liewe bedeit, wou se komplizéiert ass, wou se iwwerrascht a wou se ganz normal gëtt. Et geet net ëm Parteiparolen, mee ëm Perspektiven: Wéi fillt et sech un, Verantwortung ze droen? Wat leeft anescht, wéi een et vu bausse mengt? A wéi bleift een als Schwëster – an als Mënsch – bei sech selwer? Ausgerechent Politik riicht sech u jiddereen, dee Politik besser verstoe wëll – och (oder grad) dann, wann een sech soss net vill domat beschäftegt. An et soll och eng Méiglechkeet sinn, wou dir är Froen direkt kënnt stellen.
    Show More Show Less
    29 mins